Adaptez vos paramètres pour une meilleur accessibilité

Options d'accessibilité

#15 Heizungs- a Sanitärinstallatioun

D’Competitioun Heizungs- a Sanitärinstallatioun weist d’Spezialisten, déi Waasser, Heizung, Ventilatioun a Solaranlagen an Haiser, kollektive Gebaier oder Industrie installéiere. Mat Hëllef vu Raccorden a Schweesse suergen si dofir, dass d’Leitungen dicht sinn. De Gewënner dierf op d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf fueren.

#33 Autosmechatronik

Mechanik, Elektronik a Bremsen, dat sinn dräi Haapt-Schwéierpunkten an der Competitioun Autosmechatronik. D’Kandidate mussen d’Diagnos vun Autoe sécher beherrschen a präzis a konform reparéieren. De Laureat moosst sech mat sengen europäesche Kontrahenten op den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#58 Digital Construction

An der Competitioun Digital Construction kommen innovativ Techniken an den Asaz. Digital Tools fir Konzeptioun, Planung a Kollaboratioun op moderne Baustelle sinn ze beherrschen. De Gewënner representéiert Lëtzebuerg op den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#12 Carrelage

D’Competitioun Carrelage setzt d’Poséiere vu Plättercher a Steng op Maueren, Biedem an Trapen an d’Vitrinn. D’Finaliste weisen d’Exzellenz an der Ästhetik an der Pose vu Buedembelag. De Laureat verteidegt Lëtzebuerg op den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#20 Maçonnerie

An der Competitioun Maçonnerie geet et ëm de Steen: d’Kandidate baue Fundamenter, Maueren, Strukturen aus Zille, Bëtong oder Steen, fir Wunnengen oder ëffentlech a kommerziell Gebaier. De Gewënner vertrëtt Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#49 Blechschléierei

D’Competitioun Blechschléierei gëtt d’Bün vun den Experte fir Diech, Bardagen an Ofdichtungen aus dauerhafte Metaller. Hir Aarbechte musse Schutz bidden an dobäi awer och gutt ausgesinn. De Gewënner fiert fir Lëtzebuerg op d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#71 Daachdeckerei

D’Kandidate vum Concours an der Daachdeckerei weisen, wéi een Daach gebaut gëtt. Dir kënnt vun no observéieren, wéi d’Zille geluecht an esou befestegt ginn, datt se dicht sinn an halen. Traditioun a Modernitéit begéinen sech an dee Beschte representéiert Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#14 Fligersmaintenance

An der Competitioun Fligermaintenance mussen d’Techniker e rouege Kapp behalen. Si sinn opgefuerdert, séier ze diagnostizéieren an de Fliger ze reparéieren. Si suergen domat fir Sécherheet an Zouverlässegkeet virum nächste Fluch. De Gewënner representéiert Lëtzebuerg bei de WorldSkills 2026 Shanghai.

#19 Industrieelektronik

An der Competitioun Industrieelektronik gesäit een Techniker, déi Sensoren, Automaten a Diagnossystemer fir Industrie-Sécherheet installéieren. Si programméieren a reparéieren an enger Panoplie vu Secteuren. De Laureat representéiert Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#34 Kachen

An der Competitioun Kachen wäerte Käch Menue plangen a kulinaresch Techniken ausféieren. Kommt an entdeckt, wat si alles op d’Telleren zauberen an iwwerzeegt iech vun Optik a Balance vun de Goûten. Dee Beschte representéiert Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.