D’Competitioun Metallkonstruktioun regroupéiert Kandidaten, déi Paarten, Dieren, Gelänner a Staange baue. D’Metall muss esou openeen ofgestëmmt ginn, datt e Stabilitéit, Ästhetik an Technik perfekt verbënnt. De Competiteur mam beschte Projet fiert op d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.
Date: 21. Abrëll
#25 Miwwelschräinerei
D’Competitioun Miwwelschräinerei feiert de Know-how vun Handwierker, déi Miwwel bauen an Amenagementer mat Holz maachen, sief et Massivholz oder Furnéier. Hei dominéieren Traditioun, Präzisioun an Ästhetik. De Beschten dierf Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf vertrieden.
#26 Zammerei
D’Competitioun Zammerei weist wéi Experten Daachgespärer aus Holz mat CNC-Maschinnen oder op der Hand plangen, schneiden a bauen. De richtege Choix vum Material a maximal Präzisioun sinn Tromp. De Kandidat mat de beschte Kaarte representéiert Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.
#07 CNC-Dréien
D’Competitioun CNC-Dréie weist d’Prezisioun vum Dréier mat CNC-Maschinnen. D’Finaliste preparéiere Pläng a kontrolléiere Serien. Dee Beschte representéiert Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 Düsseldorf.
#27 Robot Systems Integration / Industriell Robotik
D’Competitioun Robot Systems Integration setzt de Fokus op Spezialisten déi Roboter-Äerm fir Transport- , Schweess- oder Lackéieraarbechten am Beräich vum Agroalimentaire, der Pharmaindustrie oder der Autoindustrie z.B. programméieren. De Laureat trëtt fir Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf un.
#70 Fierschterei
An der Competitioun Fierschterei mussen d’Kandidate beweisen, datt se ee Bësch nohalteg kënne managen, duerch Iwwerwaachung, Neiplanzung, kontrolléiert Exploitatioun a Risiko-Preventioun, dat Ganzt ekologesch balancéiert. De Laureat vertrëtt Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.
Präisiwwerreechung vum Concours “Loscht op Handwierk”
D’Präisiwwerreechung fir de Concours vum Pilotprojet “Loscht op Handwierk” stellt d’handwierklecht Geschéck an d’Freed, selwer eppes mat sengen Hänn ze schafen, an de Mëttelpunkt. Den Engagement vun de Kanner, déi un dësem Projet deelgeholl hunn, verdéngt Är Ënnerstëtzung: kommt op d’Präisverdeelung vun dëse jonke künftege Pâtissieren a Schräiner. Am Kader vun dësem Pilotprojet hunn d’Kanner vum Cycle 3 d’Handwierksberuffer vum Pâtissier a Schräiner kenne geléiert. Si haten d’Méiglechkeet hir manuell Fäegkeete weiderzeentwéckelen a dobäi hirer Fantasie fräie Laf ze loossen. Sief et an der Pâtisserie, wou si aus einfachen Ingrediente lecker Kreatioune gemaach hunn, oder an der Schräinerei, wou si mat Präzisioun a Suergfalt Objeten hiergestallt hunn, hei konnt jiddereen d’handwierklecht Schafe konkret erliewen. Dëse Projet weist, datt et vill Méiglechkeete fir d’Zukunft ginn, wou Kreativitéit a Geschéck, och an enger ëmmer méi digitaler Welt, hir Plaz hunn.
Nei Formatioun: Fachkraaft fir Schutz a Sécherheet
Entdeck de neien DAP Agent de sécurité et de sûreté an déi verschidden Aarbechtssituatioune vun dësem Beruff. Wärend enger immersiver Erfarung kanns du an enger Simulatioun däi Sënn fir Orientéierung am Damp vun engem Brand testen.
D’Beruffer vun der schoulescher Inklusioun
Educateur, Orthoptist, Psycholog, Beschäftegungstherapeut, etc. Entdeck d’Beruffer vun der Inklusioun an den Alldag vu Kanner mat spezifesche Besoinen.
Kübe beweegen
Spill am Team fir sou vill Kübe wéi méiglech vum Luedberäich an den Transportberäich ze transportéieren. Glänz mat dengem Team!
