Adaptez vos paramètres pour une meilleur accessibilité

Options d'accessibilité

#42 Metallkonstruktioun / Schlässerei

D’Competitioun Metallkonstruktioun regroupéiert Kandidaten, déi Paarten, Dieren, Gelänner a Staange baue. D’Metall muss esou openeen ofgestëmmt ginn, datt e Stabilitéit, Ästhetik an Technik perfekt verbënnt. De Competiteur mam beschte Projet fiert op d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#25 Miwwelschräinerei

D’Competitioun Miwwelschräinerei feiert de Know-how vun Handwierker, déi Miwwel bauen an Amenagementer mat Holz maachen, sief et Massivholz oder Furnéier. Hei dominéieren Traditioun, Präzisioun an Ästhetik. De Beschten dierf Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf vertrieden.

#26 Zammerei

D’Competitioun Zammerei weist wéi Experten Daachgespärer aus Holz mat CNC-Maschinnen oder op der Hand plangen, schneiden a bauen. De richtege Choix vum Material a maximal Präzisioun sinn Tromp. De Kandidat mat de beschte Kaarte representéiert Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#07 CNC-Dréien

D’Competitioun CNC-Dréie weist d’Prezisioun vum Dréier mat CNC-Maschinnen. D’Finaliste preparéiere Pläng a kontrolléiere Serien. Dee Beschte representéiert Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 Düsseldorf.

#27 Robot Systems Integration / Industriell Robotik

D’Competitioun Robot Systems Integration setzt de Fokus op Spezialisten déi Roboter-Äerm fir Transport- , Schweess- oder Lackéieraarbechten am Beräich vum Agroalimentaire, der Pharmaindustrie oder der Autoindustrie z.B. programméieren. De Laureat trëtt fir Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf un.

#70 Fierschterei

An der Competitioun Fierschterei mussen d’Kandidate beweisen, datt se ee Bësch nohalteg kënne managen, duerch Iwwerwaachung, Neiplanzung, kontrolléiert Exploitatioun a Risiko-Preventioun, dat Ganzt ekologesch balancéiert. De Laureat vertrëtt Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

Nei Formatioun: Fachkraaft fir Schutz a Sécherheet

Entdeck de neien DAP Agent de sécurité et de sûreté an déi verschidden Aarbechtssituatioune vun dësem Beruff. Wärend enger immersiver Erfarung kanns du an enger Simulatioun däi Sënn fir Orientéierung am Damp vun engem Brand testen.

Kübe beweegen

Spill am Team fir sou vill Kübe wéi méiglech vum Luedberäich an den Transportberäich ze transportéieren. Glänz mat dengem Team!

Küben optiermen

Kontrolléier e Roboter mat enger Fernsteierung fir Küben sou séier wéi méiglech opzerafen an der Faarf no opzetiermen. Du hues zwou Minutte fir déi meeschte Küben opzetiermen!

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.