Adaptez vos paramètres pour une meilleur accessibilité

Options d'accessibilité

Indi robots balloon challenge

Hei geet et ëm Gaming a Coding. Hëllef de Lunar Rover iwwer hiwwelegem Terrain ze navigéieren. Spill Fussball mam Roboter Botley. Maach mat bei der Indi Robots Balloon Challenge.

#57 Hotelsreceptioun

Fillt Iech gutt accueilléiert an der Competitioun Hotelsreceptioun. Den Ëmgang mat Gäscht, quokelege Situatiounen, administrativer Verwaltung an touristescher Berodung sinn hei gefrot. An engem Environnement, deen ëmmer nees fir Iwwerraschunge ka suergen, heescht et exemplaresche Service um Client assuréieren. Fir dee Beschte geet d’Rees op d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#29 Coiffure

D’Kandidate vun der Competitioun Coiffure musse vill Talenter hunn: Hoer schneiden, fierwen a stylen. Deen, deen d’Technike vu Brush bis Permanente am beschte beherrscht kritt den Ticket fir op d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#30 Schéinheetsfleeg

D’Competitioun Schéinheetsfleeg fuerdert Kënnen. D’Kandidate mussen hir Technik fir Gesiichts-a Kierper-Soinen souwéi Schmink ënner Beweis stellen an esou Mënsche verschéineren a relaxéieren. Kuckt de Kandidaten no, ee vun hinne straalt bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#28 Floristik

An der Competitioun Floristik dominéiert d’Kreativitéit. D’Artiste realiséieren harmonesch Arrangementer mat Blumme, Blieder a soss Accessoiren. Ween huet dat bescht Gefill fir Ästhetik a Faarwen? De Gewënner fiert op d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#51 Landschaftsgestaltung

An der Competitioun Landschaftsgestaltung gi Gréngfläche konzipéiert. Mat Planzen, Steng, Sand a soss Material gi Plaze méi schéin a méi praktesch gestalt. D’Kandidate musse Kenntnisser fir Planzen, Buedem a Landschaft matbréngen. D’Kandidatenteam mam flottste Projet kann d’Lëtzebuerger Sëlwermedail vun de leschten Euroskills verdeedegen, wann en op d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf fiert.

#17 Web Technologies

D’Competitioun Web Technologies gëtt den Entwéckler eng Bün, déi sécher, ergonomesch a performant Websäiten an Apps kreéieren. Si schaffen op d’Mooss fir E-Commerce, Verwaltung oder Online-Servicer. De Beschten dréit d’Lëtzebuerger Faarwe bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf.

#40 Grafeschen Design

D’Competitioun Grafeschen Design fuerdert déi Kreativ eraus, Drockproduiten ze entwéckelen, déi Androck maachen. D’Clientsbedierfnesser an d’Trends mussen analyséiert an op een Nenner bruecht ginn. Deen Éischten trëtt fir Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 zu Düsseldorf un.

#46 Entrepreneurship / Business Development

An der Competitioun Entrepreneurship si visionär an innovativ Iddie gefrot, déi dann an een ëmsetzbare Projet ëmgewandelt ginn. De Kandidat muss Stäerkten an der Analys an dem Entrepreneriat hunn, fir um Enn Lëtzebuerg bei den EuroSkills 2027 ze vertrieden.

#54 Cybersecurity

D’Competitioun Cybersecurity weist Analysten um Wierk, déi Netz an Date géint Hacker musse schützen duerch Iwwerwaachung, Detektioun a Verdeedegungsstrategien. Déi gréissten digital Exzellenz gëtt mat engem Ticket fir d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf belount.

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.