Atelier Pâtisserie – “Eisekuch”
Wat hues du léiwer: d‘Gaufre de Liège oder Häerzwaffelen ? Hei kanns du déi zwee schmaachen a souguer den Deeg virbereeden an um Wäffelcherseise knuspreg baken.
An der Formatiounswelt Tourismus, Gastronomie an Hotellerie
Atelier Service
Erlief deng éischte Garçons-Course.
Mix e Mocktail mat Friichte fir dech an deng Frënn.
An der Formatiounswelt Tourismus, Gastronomie an Hotellerie
Laura Thorn live op der YEP!-Schoulfoire!
Sonndes, de 27. Abrëll ass d’Laura Thorn op der YEP!-Schoulfoire mat enger eenzegaarteger Performance vun „La poupée monte le son“ ze gesinn (Arena 1). Verpasst net d’Chance, d’Lëtzebuerger Kandidatin fir d’Eurovisioun 2025 perséinlech ze treffen – Interviews, Selfie an Autogrammer sinn och um Programm!
Finall vum Junior Robot Challenge
De Junior Robot Challenge riicht sech un d’Schüler vum Zyklus 2 am Alter vun 6 bis 8 Joer. D’Kanner entdecke déi verschidde Beräicher, an deene Roboter agesat ginn, bastelen hire ganz eegene Roboterkostüm am Kader vun enger Recyclingsaktivitéit a loossen dëse Kostüm lieweg ginn, andeems si hiren eegene analoge Coden entwéckelen. Kommt op d’Finall vum Junior Robot Challenge kucken – dës fänkt um 11:20 Auer an der Arena 2 an der Hal 8 op der Luxexpo un.
Finall vum DASH Live Challenge
Den DASH Live Challenge riicht sech u Schüler aus dem Cycle 3 a motivéiert si, flott Missioune fir den DASH Roboter ze kodéieren. Wärend der Challenge entdecken d‘Kanner den DASH Roboter, seng villfälteg Funktiounen, maachen éischt Schrëtt an der block-baséierter Kodéiersprooch a léisen am Team erausfuerderend Challengen op eng kreativ Aart a Weis. Kommt luussen an den DASH Live Challenge an der Arena 2. D’Halleffinallen si vu 14:15 bis 15:40 Auer an d’Finall vu 16:15 bis 16:30 Auer.
National Finall vun der FIRST LEGO League Challenge
De 27. Abrëll fënnt déi national FIRST LEGO League Challenge Finall an der Arena 1 op der YEP!-Schoulfoire statt. Déi 24 bescht Equippen aus de Qualifikatiounen Ufank Februar triedenhei géinteneen unzetrieden. Nieft engem spannende Robot Game stellen d’Ekippen hiren innovative Fuerschungsprojet virun enger Jury vir. Wéi all Joer ginn déi bescht Ekippen ab 17:00 Auer ausgezeechent. Am FIRST LEGO League Challenge kënnen d’Schüler hir Kompetenzen an der Wëssenschaft, der Technologie, der Ingenierie, der Konscht an der Mathematik ënner Beweis stellen, mee och hire kriteschen a logesche Geescht asetzen fir e Roboter ze bauen.
Showcooking mam Ben Weber
De Ben Weber aus der Bottega De Gudde Kascht kacht an der Formatiounswelt Tourismus, Gastronomie an Hotellerie, Hal 9.
Showbaking mam Carole Lesquer
Showbaking mat der Pâtissière Carole Lesquer vun der Pâtisserie Alegria an der Formatiounswelt Tourismus, Gastronomie an Hotellerie.
Wildtieren auf der Spur
In diesem Atelier tauchen die Besucher und Besucherinnen in die geheimnisvolle Welt der Tierspuren ein. Eine spannende Ausstellung mit verschiedenen Erläuterungen, Schaukästen und Modellen zeigt, wie Wildtiere ihre Spuren in der Natur hinterlassen. Diese Fülle an Spuren, wie z. B. Trittsiegel oder Fraßspuren, lernen die Teilnehmenden bei dem Workshop zu erkennen und zu lesen. Ein interaktives Tierquiz lädt sie außerdem dazu ein, das gewonnene Wissen spielerisch zu testen und die Geheimnisse der Tierwelt zu entschlüsseln.
Wer ist wer?
In diesem interaktiven Workshop lernen Kinder im Alter von 10–12 Jahren, Geschlechterstereotype in Berufen zu hinterfragen. Durch Ratespiele, Gruppendiskussionen und ein Berufs-Quiz entdecken die Teilnehmer, dass Fähigkeiten und Interessen wichtiger sind als Geschlecht. Mit Reflexion und gemeinsamen Präsentationen wird verdeutlicht, dass jede Person jeden Beruf ausüben kann. Ziel ist es, Kinder zu ermutigen, offen und vorurteilsfrei über ihre eigene berufliche Zukunft nachzudenken. Der Workshop dauert 30-45 Minuten und fördert spielerisch Gleichberechtigung und Vielfalt.