Aus organisatoresche Grënn ass d’Virumeldung obligatoresch fir Grondschoulklassen a Lycéesklassen. D’Umeldunge lafen iwwer de jeeweilegen Online-Formulaire. Wann d’Umeldung iwwer de Site net méi méiglech ass, biede mir Iech, eng E-Mail un info@schoulfoire.lu ze schécken.
Catégorie FAQ: Enseignanten
Ass d’Schoulfoire fir all Cycle aus dem Enseignement fondamental op?
Nee. Nëmme Klassen aus dem Cycle 4 (4.1 a 4.2) aus dem Enseignement fondamental kënne sech fir d’Schoulfoire umellen, vu datt d’Theeme sech virrangeg ëm d’Orientatioun dréinen.
Kréien ech Tickete geschéckt no menger Umeldung?
Keen Ticket ass néideg, fir d’Schoulfoire ze besichen. Als Klass geet eng einfach Umeldung iwwer den Online-Formulaire duer. Eng Confirmatiouns-E-Mail gëtt Iech no Ärer Umeldung pour information geschéckt.
Wéi wäerten d‘Atelieren, déi am Kader vun der Schoulfoire organiséiert ginn, stattfannen?
D’Klassen aus der Grondschoul kënne sech fir theematesch Atelieren umellen. Dës Atelieren dauere jeeweils 30 bis 45 Minutten. Si fannen den 28., 29. an 30. Abrëll vun der Schoulfoire vu moies 9:00 bis 15:30 statt. Et kann een nëmmen 1 Atelier auswielen. Et ass méiglech, fir och spontan bei engem Atelier deelzehuelen, falls Disponibilitéiten do wären.
Ginn d’Visitte vun der Schoulfoire begleet?
Fir all Klass aus der Grondschoul gëtt, jee no Wonsch an no Disponibilitéit, e Guide, Schüler vum Lycée technique pour professions éducatives et sociales, zur Verfügung gestallt. Hie begleet d’Léierpersoun an hir Klass wärend hirer Visitt vun der Schoulfoire. Et si keng Guidë fir Klassen aus dem Enseignement secondaire virgesinn.
Ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt?
D’Schülerinnen a Schüler si gebieden, e Picknick an eng gefëllte Waasserfläsch matzebréngen. Restopolis bitt och en Espace Restauration un. Hei kann ee mat myCard oder mat Kreditkaart bezuelen.
Wéi ass den Event medial couvréiert?
Wärend dem Event gi Fotoe gemaach a Videoe gedréit. Et ass méiglech, datt Dir fotograféiert oder gefilmt gitt. Dës Opname kënne fir Promotiounszwecker online an offline benotzt ginn. Fir mannerjäreg Schüler, déi mat hirer Klass kommen, freet den Enseignant d’Elteren, fir eng Autorisatioun ze ënnerschreiwen.
Wou fannen ech all d’Informatiounen, déi ech brauch?
All Informatioune fannt Dir op www.schoulfoire.lu. Op der Plaz gëtt Iech e Plang vun der Schoulfoire ausgedeelt, deen Iech erlaabt, fir Iech ze orientéieren. Mat QR-Coden, déi op de Stänn sinn, fannt Dir donieft vill interessant Informatiounen.
Ass den Zougang fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit garantéiert?
Jo.
Wéi kommen ech op d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire ass mam ëffentlechen Transport zougänglech. De Schoultransport muss vun de Schoulen organiséiert ginn. Parkplazen sinn op der Plaz verfügbar (géint Bezuelung).