Schoulfoire

9 Formatiounswelten

Déi Lëtzebuerger schoulesch Offer ass immens vilfälteg. Si passt sech un d’Besoine vun der Gesellschaft vum 21. Joerhonnert un a berücksichtegt gläichzäiteg d’Interessien an d’Stäerkte vun de Schüler.

Si proposéiert Formatiounen a sämtlechen Aktivitéitsberäicher, sief et berufflech Formatiounen oder Formatioune vum Enseignement secondaire classique a général.

Si ass an 9 Formatiounswelten organiséiert:

  • Bauen, plangen a gestalten;
  • Natur an Ëmwelt;
  • Tourismus, Gastronomie an Hotellerie;
  • Industrie a Mechanik;
  • Wëssenschaft, Technologie an Informatik;
  • Gesondheet an Ästheetik;
  • Ekonomie, Finanzen a Verkaf;
  • Konscht, Kultur a Sproochen;
  • Schoul, Educatioun a Gesellschaft.

Déi Jonk sinn opgefuerdert, dës Welte wärend deene véier Deeg vun der Schoulfoire ze besichen, ze entdecken an ze erliewen. Esou kënne si sech informéieren an eng méi konkreet Virstellung vun hirer zukünfteger Orientéierung kréien.