Schoulfoire

Atelieren & Showen

An der Hal 7 vun der Luxexpo wäerten an de véier Deeg vun der Foire honnerten pedagogesch Entdeckungsateliere fir d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 an aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen organiséiert ginn. Dës Atelieren erméiglechen hinnen, fir hir verstoppten Talenter ze entdecken a verschidde Schoultheemen nach besser kennen ze léieren. D’Atelieren dréinen sech ëm véier Thematiken:

  • Kreativitéit a Kommunikatioun
  • Coding a Problemléisung
  • Sciencen
  • Outdoorpedagogik a Beweegung

Sonndes, den 21. Abrëll vu 14.00 bis 18.00 an Dënschdes, den 23. Abrëll vu 14.00 bis 19.00 ass d’Schoulfoire op fir de Public.