Schoulfoire

Overview

Atelieren & Shows

An der Hal 7 vun der Luxexpo wäerten an den dräi Deeg vun der Foire méi wéi 500 pedagogesch Entdeckungsateliere fir d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 an aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen organiséiert ginn. Dës Atelieren erméiglechen hinnen, fir hir verstoppten Talenter ze entdecken a verschidde Schoultheemen nach besser kennen ze léieren. D’Atelieren dréinen sech ëm véier Thematiken:

  • Kreativitéit a Kommunikatioun
  • Coding a Problemléisung
  • Sciencen
  • Outdoorpedagogik a Beweegung

Dënschdeg ass Familljendag, mat Atelieren, déi speziell fir d’Famillje geduecht sinn wéi Kodéiere mat der Famill, d’Entdecke vun der Welt vun de Wëssenschaften a villes méi (keng Umeldung néideg – fir all Alter gëeegent).
Nieft den Ateliere ginn an der Hall wärend deenen 3 Deeg an zwou Arenaen och vill verschidde Showen a Competitiounen ugebuede fir d’Klasse vum Cycle 4 a vum leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen, an dënschdes nomëttes och fir de Grand public.

D’Aktivitéiten an d’Showen an der Arena wäerte verschidden Theemen hunn, ofhängeg vum Dag vun der Visitt:

  • Méindeg, 24. Abrëll: mimamusek challenge an Improvisatiounstheater presentéiert vu Lycéesschüler, esou wéi e Vëlosparcours a Geschécklechkeetschallenge
  • Dënschdeg, 25. Abrëll: Klasseduell, Familljeshowen a Concourse ronderëm d’Robotik
  • Mëttwoch, 26. Abrëll: “Science Shows” a Bio-Olympiad