Schoulfoire

De Léierplazendag

A Kollaboratioun mat der Adem, RTL an de Beruffschambere gëtt méindes, den 22. Abrëll 2024, vun 9.00 bis 12.00 Auer de Léierplazendag am Kader vun der YEP-Schoulfoire organiséiert. De Léierplazendag erméiglecht all Jonkem, deen op der Sich no senger éischter Léierplaz ass, an all Erwuessenem, deen eng Ausbildung maache wëll – och iwwert d’Grenzen eraus –, fir a Kontakt mat Lëtzebuerger Entreprisen ze trieden. Wärend dem Léierplazendag kënne Jonker an Erwuessener erausfannen, ob déi Entreprisen, déi present sinn, hirem perséinleche Choix entspriechen, fir sech esou kënnen op eng Léierplaz ze mellen. D’Conseillers à l’apprentissage vun der Adem, de Beruffschamberen an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend wäerten den Interesséierte bei hire jeeweilegen Demarchen hëllefen.