Merci, dass Dir Är Waasserfläsch op d’Schoulfoire matbréngt! An all Hal gëtt et eng Drénkwaasserstatioun, wou Dir se kënnt opfëllen.
Catégorie FAQ: Maison-relaisen
Wouhi mat dem Offall?
Dir fannt an all Hal a virun der Hapt-Entrée Recycling-Statiounen. Geheit wgl. Ären Offall an déi richteg Poubellen.
Wéi laang daueren d’Atelieren?
D’Ateliere fir d’Visiteuren um oppene Sonndeg an um Dënschdegmëtteg daueren tëschent 10 an 20 Minutten. D’Ateliere fir d’Schoulklassen (op Aschreiwung) déi aner Deeg daueren tëschent 30 a 50 Minutten.
Wien organiséiert d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire gëtt organiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Maison de l’orientation, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Service vun der Formation professionnelle.
Wéi grouss ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire fëllt dräi Ausstellungshalen an der Luxexpo-The Box an d’Entrée Nord vun der Luxexpo.
Wie mécht bei der Schoulfoire mat?
Eng grouss Unzuel vun Acteure sinn op der Schoulfoire present: déi ëffentlech Ariichtunge vum Enseignement secondaire an déi privat Ariichtungen, déi den offizielle Programm vum Ministère applizéieren; d’Mataarbechter vun der Maison de l’orientation a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi op Froen äntweren an déi Jonk an hir Eltere beroden; d’Entreprisen, déi sech am Kader vum Léierplazendag deene Jonken op der Sich no enger Ausbildung virstellen.
Fir wien ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire riicht sech prioritär u Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vum Enseignement fondamental, un d’Schüler aus de leschte Joeren vum Primaire an den ëffentlechen internationale Schoulen, souwéi un d’classes inférieures a supérieures vum Enseignement secondaire. Si ass op fir de grand public sonndes, den 19. Abrëll an dënschdesmëttes, den 21. Abrëll.
Wat sinn d’Ëffnungszäite vun der Schoulfoire?
Fir d’Grondschoule souwéi fir den Enseignement secondaire ass d’Schoulfoire wärend de Schoulhorairen zougänglech, tëschent 8:30 a 15:00 Auer. Fir d’Eltere mat hire Kanner an all aner Interesséierter ass sonndes, den 19. Abrëll e Familljendag vun 11:00 bis 18:00. Dënschdesmëttes, den 21. Abrëll, ass op fir de Public vun 13:00 bis 17:00.
Wat ass déi duerchschnëttlech Dauer vum Besuch op der Schoulfoire?
Rechent mat mindestens 2 Stonne fir Ären Besuch.
Wann ech no der Schoulfoire nach Froen hunn, u wie kann ech mech wenden?
Un d’Maison de l’orientation vu méindes bis freides vun 8:00 bis 17:00 Auer. Dir kënnt d’Maison de l’orientation per Email op info@m-o.lu erreechen oder per Telefon 8002 81 81. Oder kommt einfach laanscht um 29, rue Aldringen, L1118 Luxembourg (bei der Bus/Tram Statioun Hamilius).
