News

D’Schoulfoire 2026 ass vum 19. bis den 22. Abrëll 2026.

Neie Look
29.01.2026

Neie Look

Fir seng 5. Editioun kritt d'Schoulfoire eng nei visuell Identitéit.

Fir seng fënneft Editioun kritt d’Schoulfoire, d’Haaptevenement fir d’schoulesch a berufflech Orientéierung, eng nei visuell Identitéit an en neie Slogan: “Komm mat Froen, fann deng Äntwerten”.

De Logo spigelt de Slogan erëm. D’Visiteure komme mat hire Froen op d’Schoulfoire, wat duerch d’Fragezeeche symboliséiert gëtt. No der Berodung duerch Spezialiste fir d’schoulesch a berufflech Orientéierung, verloossen si d’Schoulfoire mat de richtegen Äntwerten, wat duerch d’Ausruffzeeche symboliséiert gëtt.

Dës nei visuell Identitéit gëtt elo an alle Kommunikatioune ronderëm d’Schoulfoire benotzt.

D’Horairen
29.01.2026

D’Horairen

Sonndes, den 19. Abrëll an dënschdesmëttes, den 21. Abrëll ass op fir de Grand Public.

Hei sinn d’Ëffnungszäiten am Detail:

  • Sonndeg, 19. Abrëll vun 11:00 bis 18:00 Auer: Op fir de Grand Public.
  • Méindeg, 20. Abrëll vun 8:30 bis 15:00 Auer: Reservéiert fir Schoulklassen.
  • Dënschdeg, 21. Abrëll vun 8:30 bis 17:00 Auer.
    Moies: Reservéiert fir Schoulklassen & Léierplazendag vun 8:30 bis 13:00 Auer.
    Nomëttes: Op fir de Grand Public vun 13:00 Auer bis 17:00 Auer & op fir d’SEAS (maisons relais) an Assistants parentaux (Cyclen 3.2-4.2) vu 14:00 à 17:00 Auer.
  • Mëttwoch, den 22. Abrëll vun 8:30 bis 15:00 Auer: Reservéiert fir Schoulklassen.
Umeldung fir Schoulklassen
29.01.2026

Umeldung fir Schoulklassen

Schoulklasse musse sech fir d'Schoulfoire den 20., 21. an 22. Abrëll 2026 umellen.

Den 20., 21. an 22. Abrëll 2026 ass d’Schoulfoire reservéiert fir Schoulklassen. Léif Léierpersoune, kuckt an der Rubrik Inscriptiounen de Linken op déi jeeweileg Formulairë fir Klassen aus dem Enseignement fondamental (Aschreiwung an d’Atelieren op der Schoulfoire) an aus dem Enseignement secondaire (Umeldung fir d’Schoulfoire).

Schoulfoire

Hei sinn déi 5 Piliere vun der 4. Editioun vun der Schoulfoire.

Léierplazendag Lycéeën Educatiounssystem Kreativ Atelieren LuxSkills
Méi entdecken