Aktivitéite fir jiddereen

09-04-2026

Méi wéi 120 Aktivitéiten, verdeelt op néng Formatiounswelten, waarden a op Iech an den Halen 8 an 9 vun der Luxexpo. Do kënnt Dir op eng spilleresch Aart a Weis déi vill verschidde Beruffer a Professiounen entdecken, op déi d’Schoulen a Lycéeën zu Lëtzebuerg virbereeden. Kommt eleng oder zesumme mat Ären Elteren oder Ärer Léierpersoun, gratis an ouni Umeldung am Viraus. D’Aktivitéiten daueren tëscht 10 an 20 Minutten. De Programm vun de verschiddene Beruffswelten fannt Dir Dag fir Dag op eisem interaktive Plang.