Bilan Schoulfoire 2026
Véier Deeg laang, vum 19. bis den 22. Abrëll, huet sech um Kierchbierg alles ronderëm déi Theeme gedréint. D’Visiteure konnte sech ëmfaassend iwwer de Schoulsystem informéieren, sech vun de Spezialiste berode loossen, Beruffer entdecken an ausprobéieren, un Atelieren deelhuelen, spannend Showen erliewen a mat de Kandidate vun der LuxSkills, de nationale Beruffsmeeschterschafte matféiweren. Kuckt Iech hei d’Retrospektiv iwwer dëse groussen Event un.
Déi nächst Schoulfoire ass vum 18. bis den 21. Abrëll 2027.
