YEP!-Schoulfoire 2025: D’Aschreiwunge fir d’Aktivitéite fir Schoulklasse sinn op !

D’YEP! Schoulfoire bitt den 28., 29. an 30. Abrëll eng Hellewull un Aktivitéite fir Schoulklassen aus de Grondschoulen a fir d’Klasse vu 6e a 5e général a classique a 4e classique un. Fir d’Organisatioun vun dësen Aktivitéiten optimal ze gestalten, mussen d’Enseignanten hir Klass iwwer en Online-Formulaire aschreiwen. D’Formulaire fir de Fondamental an de Secondaire sinn zanter dësem 3. Februar disponibel.