D’Aschreiwunge fir déi éischt Editioun vun der YEP-Schoulfoire sinn op!

08-03-2022

D’Aschreiwunge fir déi éischt Editioun vun der YEP-Schoulfoire sinn op!
Wëllkomm op dem YEP-Schoulfoire-Site. Dëse Site, dee sech konstant weider entwéckelt, erlaabt Iech méi iwwer dëst wichtegt Evenement vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend gewuer ze ginn. Dir kënnt Iech hei iwwert de Programm informéieren, Äntwerten op Är Froe fannen an Dir kënnt Iech hei fir de Besuch op der YEP-Schoulfoire aschreiwen. Egal ob Dir Léierpersoun am Enseignement fondamental oder am Enseignement Secondaire sidd, eng Maison relais, e Jugendhaus, oder eng Persoun déi un der Welt vun der Educatioun interesséiert ass, dëse Site gëtt Iech all nëtzlech an néideg Informatiounen.

D‘Umeldunge fir d’YEP-Schoulfoire (de Grand Public kann d‘YEP-Schoulfoire ouni Umeldung wärend den designéierten Ëffnungszäiten besichen) ginn exklusiv iwwert d’Inscriptioun hei um Site: https://schoulfoire.lu/#inscription

Wann Dir op Problemer wärend Ärer Umeldung stousst, kontaktéiert w.e.g. info@schoulfoire.lu. Mir hëllefen Iech gäre weider.

Mir freeën eis drop Iech op der YEP-Schoulfoire ze begréissen!