D’Schoulfoire 2025 ass vum 27. bis den 30. Abrëll

19-12-2024

Déi 4. Editioun vun der YEP!-Schoulfoire fënnt vu Sonndes, de 27. Abrëll bis Mëttwochs, den 30. Abrëll 2025 an der Luxexpo um Kierchbierg statt.

D’YEP!-Schoulfoire riicht sech un d’Schüler vum Cycle 4 an der Grondschoul, vum leschte Joer am Primaire an den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Enseignement secondaire. Si riicht sech och un hir Elteren an un déi Professionell aus dem Bildungswiesen.

D’Famillje kënne sech Sonndes, de 27. Abrëll vun 11 bis 18 Auer iwwer all Facettë vum Bildungswiesen informéieren a vun engem ganz variéierten Animatiounsprogramm profitéieren. D’Entrée ass gratis an e Restauratiounsservice ass op der Plaz ze fannen.

Méindes, den 28. Abrëll, dënschdes, den 29. Abrëll a mëttwochs, den 30. Abrëll ass d’YEP!-Schoulfoire fir d’Schoulklasse reservéiert, déi sech an d’Aktivitéiten ageschriwwen hunn.

Hei sinn d’Ëffnungszäiten :

  • Sonndes, de 27. Abrëll 2025: 11 bis 18 Auer (op fir jiddereen)
  • Méindes, den 28. Abrëll 2025: 8 Auer 30 bis 15 Auer 30 (reservéiert fir d’Schoulklassen)
  • Dënschdes, den 29. Abrëll 2025: 8 Auer 30 à 15 Auer 30 (reservéiert fir d’Schoulklassen)
  • Mëttwochs, den 30. Abrëll 2025: 8 Auer 30 à 15 Auer 30 (reservéiert fir d’Schoulklassen)