D’Schoulfoire am neien EDI

24-03-2022

Hutt dir schonn déi neisten Editioun vum EDI gesinn?

Ënnert dësem Link fannt dir déi neisten Ausgab vum Magazine: https://men.public.lu/fr/publications/edi-infomagazin-fir-elteren/2022/EDI-01_2022.html 

Den éischten Artikel vum EDI behandelt direkt d’Schoulfoire an erkläert nach eng Kéier déi wichtegst Piliere vum Event. Hei gitt dir gewuer, wat d’Schoulfoire fir jiddereen ze bidden huet: fir Schoulklassen aus dem Cycle 4, fir Klassen aus dem Lycée, fir Jugendhaiser a Maison-relaisen, fir Professioneller aus der Educatiounswelt a virun allem dënsdes nomëttes och fir ganz Familljen.

D’Umelldungen sinn op. Mir gesinn eis alleguer den 2., 3. a 4. Mee op der éischter nationaler Schoulfoire.