Eis Teaser-Videoe sinn online

06-02-2023

Hutt Dir schonn eist Yeeeeeeppppppp-Schof op social media gesinn? Mat dëse fënnef klenge Videoe wëlle mir op eis zweet grouss national Schoulfoire opmierksam a virwëtzeg maachen.
An de Videoe kritt dir jeeweils ee Schwéierpunkt vun der Schoulfoire op eng net ganz eescht gemengte Manéier presentéiert. Och hei an eiser Medie-Rubrik fannt Dir nieft eisen Dokumenter och eis Videoen.
Vill Spaass a bis ganz geschwënn an der Luxexpo-The Box!