Eis Teaser-Videoe sinn online

21-04-2022

Hutt dir schonn eist Yeeeeeeppppppp-Schof op social media gesinn? Mat dëse 5 klenge Videoe wëlle mir op eis éischt grouss national Schoulfoire opmierksam a virwëtzeg maachen.

An de Videoe kritt dir jeeweils 1 Schwéierpunkt vun der Schoulfoire op eng net ganz eescht gemengte Manéier presentéiert. Och hei an eiser Medie-Rubrik fannt dir nieft eisen Dokumenter och eis Videoen.

Vill Spaass a bis ganz geschwënn an der Luxexpo-The Box!