Familljemomenter op der Schoulfoire

14-12-2023

Nieft der grousser Offer, déi wärend der Schoulfoire fir d’Klassen aus dem Cycle 4 an dem Enseignement secondaire ugebuede gëtt, wäert op der Schoulfoire 2024 och fir interesséiert Elteren, zesumme mat hire Kanner, e grousse Programm bestoen. Sonndesmëttes, den 21. Abrëll 2024 ass d’Schoulfoire vu 14.00 bis 18.00 op fir d’Familljen, an och Dënschdesmëttes, den 23. Abrëll. Zéckt also net, fir an d’Luxexpo laanscht ze kommen.