Une après-midi pour SEA et assistants parentaux

07-04-2026

Nieft dem Zougang zu de Stänn an Atelieren, déi vun der Schoulfoire ugebuede ginn, waart och e besonnesche Programm op si, dorënner eng interaktiv Rallye,  déi et erméiglecht, déi verschidde Beruffswelten op eng spilleresch a participativ Aart a Weis ze entdecken. An der Arena 1 (Hal 7) fënnt déi spannend Show „Opgeblät an opgeblosen – de wëssenschaftleche Spektakel mat Ballonen a Seefeblosen“.  um 14:30 Auer statt. Net ze verpassen ass och d’Präisiwwerreechung vu „Loscht op Handwierk“ um 15:45 Auer, e Pilotprojet, deen d’Zil huet, d’Handwierksberuffer ze fërderen. D’Kanner aus dem Cycle 3 konnten an dësem Kader d’Beruffer vun der Pâtisserie an der Schräinerei entdecken an dobäi hir manuell Fäegkeeten a Kenntnisser weiderentwéckelen, wärend si hirer Fantasie fräie Laf loosse konnten. Kommt hiren Asaz gären applaudéieren.