4. Editioun vun der YEP!-Schoulfoire: E grousse Succès

02-05-2025

Déi véiert Editioun vun der YEP!-Schoulfoire, déi vum 27. bis den 30. Abrëll an der Luxexpo stattfonnt huet, war e grousse Succès. Iwwer déi véier Deeg hunn ongeféier 15.000 Visiteuren d’Schoulfoire besicht, fir sech iwwert schoulesch a berufflech Orientéierung z’informéieren an un ville Workshops a Aktivitéiten deelzehuelen.

Ronn 5.000 Visiteuren um Familljendag e Sonndeg

Méi wéi 5.000 Elteren a Kanner hunn de grousse Familljendag e Sonndeg, den 27. Abrëll, genotzt, fir sech iwwer d’Bildungssystem an d’Orientéierung am Schoul- a Beruffsliewen ze informéieren an eng flott Zäit op der Schoulfoire ze verbréngen.

Ronn 2.000 Acteuren aus dem Bildungssecteur engagéiert

Ronn 2.000 Acteuren aus verschiddene Beräicher vum Educatiounsministère, aus Lycéeën souwéi aus Beruffchamberen a Federatioune ware mobiliséiert, fir dës Manifestatioun zu engem Erfolleg ze maachen.

Bal 11.000 Schüler ugemellt während der Woch

D’Deeg vum 28., 29. a 30. Abrëll ware fir Schoulklassen reservéiert, déi sech virun der Schoulfoire ugemellt haten, fir u Workshops deelzehuelen.

Méi wéi 5.500 Schüler aus dem Fondamental an iwwer 5.300 Schüler aus dem Secondaire hunn d’Méiglechkeet genotzt, fir sech gezielt iwwer hiren zukünftege schouleschen a professionnelle Wee z informéieren a gläichzäiteg un interessanten Atelieren a Spektakelen deelzehuelen.

Iwwer 200 Léierplazen ugebueden

De “Léierplazendag”, deen e Méinden, de 28. Abrëll, stattfonnt huet, hat als Zil, direkt “Matchings” tëschent Jonken op der Sich no enger Léierplaz an Entreprisen op der Sich no Léierbouwen a -meedercher ze erméiglechen. 26 Betriber mat iwwer 200 disponibelen Léierplaze ware beim “Léierplazendag” dobäi, deen duerch d’ADEM, RTL an déi berufflech Chambreën organiséiert gouf.

Déi nächst Schoulfoire fënnt vum 26. bis den 29. Abrëll 2026 statt.