Volle Programm !
D’Schoulfoire ass interaktiv ! Hei kanns du dech net nëmmen informéieren a berode loosse fir deng schoulesch a berufflech Karriär: Hei kanns du matmaachen, upaken, schmaachen, selwer probéieren, deng Talenter asetzen an entdecken, wéi e Beruff dir läit! Ronn 200 Atelieren, Showen a Kompetitioune stinn iwwer déi véier Deeg vun der Schoulfoire um Programm. Wat wéini ugebuede gëtt, kanns du direkt an dëser Lëscht kucken. Du kanns dir awer och den interaktive Plang vun der Schoulfoire ukucken. Wann s du op déi verschidden Elementer klickt, gesäis du de Programm op deene verschidde Plazen.

