Webinaire (FoCo) mam Radio 100,7: Orientatioun an der Educatioun – en Abléck an déi éischt national Schoulfoire (28/04 um 14h30)

21-04-2022

D’Schoullandschaft vun haut ass eng aner, wéi et virun 10, 20 an 30 Joer war. Mir hunn eng extrem Diversifikatioun vun der schoulescher Offer, eng méi grouss Autonomie bei de Lycéeën, wat hir Schouloffer betrëfft, nei schoulesch Modeller wéi ëffentlech international Schoulen, an all dat bedeit zum engen datt et fir all Kanner hei am Land ganz vill Choixe gëtt, fir genau dee Parcours ze goen, dee fir si richteg ass, dat bedeit awer zum aneren och, datt ee verschidde Manéiere brauch, fir méiglechst vill Kanner an hir Eltere bescht méiglech op déi Choixe virzebereeden. Net nëmmen am 4.2 vum Enseignement fondamental, mee och am Lycée huet ee wichteg Choixen ze treffen, ob een eventuell eng Beruffsausbildung wielt oder en anere Wee geet.

Eng nei Manéier ass déi éischt national Schoulfoire. D’Méiglechkeete si grouss, an och aus dem Grond ass et net vu Muttwëll, eng Schoulfoire ze organiséieren, déi vum 2. bis de 4. Mee an der LuxExpo wäert sinn a bei där d’Orientatioun am Mëttelpunkt steet.

Invité(e)ën am Studio sinn:

-de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques. De SCRIPT ass ee vun den dräi Organisateure vun der Schoulfoire.

-d’Véronique Schaber, Directrice vun der Formation professionelle am Educatiounsministère (fréier Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers), e weideren Organisateur.

-de Romain Nehs, chef de service vum Service de l’Enseignement Secondaire am Educatiounsministère.

-de Gil Belling, President WorldSkills Luxembourg, an techneschen Delegéierte fir Lëtzebuerg bei nationalen an internationale Beruffsconcoursen an 3. Organisateur vun der Schoulfoire.

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren.

Dëse Webinaire geet de 28. Abrëll 2022 vu 14.30 bis 16.00 iwwer d’Antenn a gëtt och am Livestream iwwerdroen. E Link fir de Livestream ass den Dag selwer op der Websäit vum Radio 100,7 ze fannen: www.100komma7.lu.

Hei fënnt een den IFEN-Link fir sech fir de Webinaire anzeschreiwen: https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=277408