Wësse, wat wou leeft!

27-03-2024

Op dësem Site fannt Dir elo den detailléierte Plang vun der Schoulfoire. Den detailléierte Programm geet no der Ouschtervakanz online. Notéiert elo schonn den Datum vum 21. Abrëll an Ärem Agenda. Da geet d’Schoulfoire nämlech fir d’éischt Kéier Sonndes un de Start. Profitéiert vum Sonndegmëtteg vu 14 bis 18 Auer fir en Tour op d’Schoulfoire maachen ze kommen an e flotten informativen an aktiven Nomëtteg mat Äre Kanner ze erliewen.