Adaptez vos paramètres pour une meilleur accessibilité

Options d'accessibilité

Eng virtuell Visite am Bauerebetrib 21.4

Eng virtuell Visite am Bauerebetrib

Virtuell Visite duerch e landwirtschaftleche Betrib, vum Mëllechbetrib iwwert e Schwäistall, hin zum Aker mat Kürbissen oder Spargelen.

Hieft of fir d’Welt vun der Aviatioun mam Captain Joe

Hieft of fir d’Welt vun der Aviatioun mam Captain Joe

De Captain Joe ass e passionéierte Pilot, deen op sengem Youtube-Channel @flywithcaptainjoe spannend Ablécker an d’Aviatioun gëtt. Hien huet momentan 1,67 Millioune Follower op sengem Channel. Du wëlls de Captain Joe begéinen? Hien ass Sonndes mëttes, den 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 um Stand vun der Cargolux an der Formatiounswelt Industrie a Mechanik.

Gedankefloss – Philosophesch Ronne mat Ëmwelttheemen

Gedankefloss – Philosophesch Ronne mat Ëmwelttheemen

An dësem Workshop kënnt dir iech mat den aktuellen Ëmwelttheeme befaassen, léieren eng eege Meenung auszedrécken an déi aner Meenungen ze respektéieren, sou wéi verstoen, datt et bei all Froen Aspekter ginn déi op Fakte baséieren an aner Aspekter déi méi perséinlech sinn.

Workshop Fësch + Planzen = Aquaponik

Workshop Fësch + Planzen = Aquaponik

Entdeck eng innovativ an effizient Form vun der Landwirtschaft, andeems du däin eegent Aquaponik-System zesumme baus!

Workshop Solar-Dreidecker 21.4

Workshop Solar-Dreidecker

Baut ären eegene Fliger aus Holz a Solarzellen an huelt e mat heem! Den Atelier gëtt iech op spilleresch Manéier Abléck a Photovoltaik, Elektromotoren a Bastelen.

AROMA#BAR

AROMA#BAR

Entdeck duerch Riche, Fillen a Schmaache bis zu 4 verschidde Kraider. Mee opgepasst! Et ass Alles eng optesch Täuschung. Op den éischte Bléck mengt een, dat do Kraut kennen ech dach, mee dann nom Richen, richt et no eppes ganz aneschters…

Demo Techno meets Art 21.4

Demo Techno meets Art

Schüler aus der Section Ingéniérie (GIG) kombinéiere Mechanik a Konscht, fir e kineetescht Wierk am Stil vum Kënschtler Tinguely ze schafen. De Projet ermontert Jonker zu Kreativitéit an Interdisziplinaritéit a weist déi spilleresch Säit vum Maschinnebau.