Schoulfoire

D’YEP! Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP! Schoulfoire ëm 6 Pilieren:

Léierplazendag Lycéeën Educatiounssystem LuxSkills Kreativ Atelieren Formatiounswelten