Zréck

News

D’Schoulfoire 2027 ass vum 18. bis den 21. Abrëll 2027. Hei fannt Dir déi aktuellsten Noriichten iwwer dee gréissten Event am Joer zu Lëtzebuerg fir déi schoulesch a berufflech Orientatioun.

Bilan Schoulfoire 2026
23.04.2026

E grousse Succès!

D'Schoulfoire 2026 ass eriwwer. Ronn 20.000 Visiteuren haten den Wee an d'Luxexpo fonnt bei de gréissten Event am Joer fir d'schoulesch a berufflech Orientatioun.

Véier Deeg laang, vum 19. bis den 22. Abrëll, huet sech um Kierchbierg alles ronderëm déi Theeme gedréint. D’Visiteure konnte sech ëmfaassend iwwer de Schoulsystem informéieren, sech vun de Spezialiste berode loossen, Beruffer entdecken an ausprobéieren, un Atelieren deelhuelen, spannend Showen erliewen a mat de Kandidate vun der LuxSkills, de nationale Beruffsmeeschterschafte matféiweren. Kuckt Iech hei d’Retrospektiv iwwer dëse groussen Event un.

Déi nächst Schoulfoire ass vum 18. bis den 21. Abrëll 2027.