This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Frequently asked questions
Hei fannt dir Informatiounen an heefeg gestallte Froen iwwert d’Schoulfoire.
An FAQ in English is available here.
Wat ass déi duerchschnëttlech Dauer vum Besuch op der Schoulfoire?
Rechent als Schoulklass mat mindestens 2 Stonne fir Ären Besuch. Et gi vill Aktivitéiten ugebueden. Dir kënnt also virgesinn, de ganzen Dag mat Ärer Klass ze verbréngen.
Wéi laang daueren d’Atelieren?
D’Ateliere fir d’Visiteure sonndes, den 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 an dënschdes, den 23. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 daueren tëschent 10 an 20 Minutten. D’Ateliere fir d’Schoulklassen (op Aschreiwung) den 22., 23. a 24. Abrëll daueren tëschent 30 a 50 Minutten.
Wien organiséiert d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire gëtt organiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Maison de l’orientation, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Service vun der Formation professionnelle.
Wéi grouss ass d'Schoulfoire?
D’Schoulfoire erstreckt sech iwwert eng Fläch vu 17.000 m2 a fëllt dräi Ausstellungshalen an der Luxexpo-The Box.
Wie mécht bei der Schoulfoire mat?
Eng grouss Unzuel vun Acteure sinn op der Schoulfoire present: déi ëffentlech Ariichtunge vum Enseignement secondaire an déi privat Ariichtungen, déi den offizielle Programm vum Ministère applizéieren; d’Mataarbechter vun der Maison de l’orientation a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi op Froen äntweren an déi Jonk an hir Eltere beroden; d’Entreprisen, déi sech am Kader vum Léierplazendag deene Jonken op der Sich no enger Ausbildung virstellen. Dëst Joer fënnt och en Deel vun der LuxSkills-Beruffsmeeschterschaft wärend der Schoulfoire statt.
Fir wien ass d'Schoulfoire?
D’Schoulfoire riicht sech wärend de Schoulhorairen u Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 (4.1 a 4.2) vum Enseignement fondamental souwéi un d’classes inférieures a supérieures vum Enseignement secondaire. D'Schoulfoire ass op fir de Public sonndes, den 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 Auer an dënsches, den 23. Abrëll vu 14:00 bis 19:00.
Wat sinn d’Ëffnungszäite vun der Schoulfoire?
Fir d’Grondschoule souwéi fir den Enseignement secondaire ass d’Schoulfoire wärend de Schoulhorairen zougänglech, tëschent 8:00 a 17:00 Auer. Fir d’Eltere mat hire Kanner an all aner Interesséierter ass d’Schoulfoire sonndes, den 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 Auer op an dënschdes, den 23. Abrëll vu 14:00 bis 19:00 Auer.
Wéini kann ech als Elterendeel Froen zur schoulescher Offer an der Orientéierung stelle kommen?
De Sonndeg 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 an den Dënschdeg 23. Abrëll vu 14:00 bis 19:00 stinn d’Vertrieder vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun de Lycéeën zur Verfügung, fir op all Är Froen ze äntweren.
Wat ass déi duerchschnëttlech Dauer vum Besuch op der Schoulfoire?
Rechent mat mindestens 2 Stonne fir Ären Besuch.
Wou fannen ech de Formulaire fir d’Autorisation parentale fir d’Realisatioun an d’Verwendung vu Fotoen an audiovisuellen Enregistrementer vu Mannerjäregen?
Dir kënnt iech den Fichier hei eroflueden.
Muss ech mech umellen, fir d’Schoulfoire kënnen ze besichen?
Aus organisatoresche Grënn ass d’Virumeldung obligatoresch fir Grondschoulklassen a Lycéesklassen. D’Umeldunge lafen iwwer de jeeweilegen Online-Formulaire op www.schoulfoire.lu. Wann d’Umeldung iwwer de Site net méi méiglech ass, biede mir Iech, eng E-Mail un info@schoulfoire.lu ze schécken.
Ech sinn Elterendeel. Muss ech mech aschreiwen, fir op d’Schoulfoire ze kommen?
Nëmmen d’Gruppen, déi aus de Schoulen kommen, mussen am Viraus ageschriwwe sinn. All aner interesséiert Persoun kann zu all Moment, ouni sech am Viraus ugemellt ze hunn, op d’Foire kommen. D’Visitt vun der Schoulfoire ass komplett gratis. D'Schoulfoire ass op fir jidderee sonndes, den 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 an dënschdes, den 23. Abrëll vu 14:00 bis 19:00.
Ass d’Schoulfoire fir all Cycle aus dem Enseignement fondamental op?
Nee. Nëmme Klassen aus dem Cycle 4 (4.1 a 4.2) aus dem Enseignement fondamental kënne sech fir d’Schoulfoire umellen, vu datt d’Theeme sech virrangeg ëm d’Orientatioun dréinen.
Kann ech spontan d’Schoulfoire besichen?
Famille kënnen ouni Aschreiwung sonndes, den 21. Abrëll 2024 vu 14:00 bis 18:00 Auer op d’Schoulfoire kommen, awer och dënschdes, den 23. Abrëll 2024 vu 14:00 bis 19:00 Auer.
Kréien ech Tickete geschéckt no menger Umeldung?
Keen Ticket ass néideg, fir d’Schoulfoire ze besichen. Als Klass geet eng einfach Umeldung iwwer den Online-Formulaire duer. Eng Confirmatiouns-E-Mail gëtt Iech no Ärer Umeldung pour information geschéckt.
Wéi wäerten d‘Atelieren, déi am Kader vun der Schoulfoire organiséiert ginn, stattfannen?
D'Klassen aus der Grondschoul kënne sech fir theematesch Atelieren umellen. Dës Atelieren dauere jeeweils 30 bis 45 Minutten. Si fannen den 22., 23. a 24. Abrëll vun der Schoulfoire vu moies 9:00 bis 16:00 statt. Et kann een nëmmen 1 Atelier auswielen. Et ass méiglech, fir och spontan bei engem Atelier deelzehuelen, falls Disponibilitéiten do wären.
Ginn d’Visitte vun der Schoulfoire begleet?
Fir all Klass aus der Grondschoul gëtt, jee no Wonsch an no Disponibilitéit, e Guide, Schüler vum Lycée technique pour professions éducatives et sociales, zur Verfügung gestallt. Hie begleet d’Léierpersoun an hir Klass wärend hirer Visitt vun der Schoulfoire. Et si keng Guidë fir Klassen aus dem Enseignement secondaire virgesinn.
Ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt?
D’Schülerinnen a Schüler aus dem Fondamental si gebieden, e Picknick an eng Waasserfläsch matzebréngen. Op der Plaz gëtt et d'Méiglechkeet, d'Fläsche mat Waasser opzefëllen. Restopolis bitt och en Espace Restauration un. Hei kann ee mat myCard oder Borgeld bezuelen.
Wéi ass den Event medial couvréiert?
Wärend dem Event gi Fotoe gemaach a Videoe gedréit. Et ass méiglech, datt Dir fotograféiert oder gefilmt gitt. Dës Opname kënne fir Promotiounszwecker online an offline benotzt ginn. Fir mannerjäreg Schüler, déi mat hirer Klass kommen, freet den Enseignant d’Elteren, fir eng Autorisatioun ze ënnerschreiwen.
Wou fannen ech all d’Informatiounen, déi ech brauch?
All Informatioune fannt Dir op www.schoulfoire.lu. Op der Plaz gëtt Iech e Plang vun der Schoulfoire ausgedeelt, deen Iech erlaabt, fir Iech ze orientéieren. Mat QR-Coden, déi op de Stänn sinn, fannt Dir donieft vill interessant Informatiounen.
Wéi kommen ech op d'Schoulfoire?
D'Schoulfoire ass mam ëffentlechen Transport zougänglech. De Schoultransport muss vun de Schoulen organiséiert ginn. Parkplazen sinn op der Plaz verfügbar (géint Bezuelung).
Fënnt de Léierplazendag iwwer déi ganz Dauer vun der Schoulfoire statt?
Nee, de Léierplazendag ass méindes, den 22. Abrëll vun 9:00 bis 12:00 Auer.
Wie schwätzen ech als Entreprise un, wann ech eng oder méi Léierplaze fir de Léierplazendag wëll verëffentlechen?
Hei sinn Är Kontaktpersoune bei der ADEM:
Kann ech als Visiteur oder Famill un engem Workshop, deen ausserhalb vun de Schoulstonne stattfënnt, matmaachen?
Jo, dat ass sonndes an dënsdes nomëttes méiglech. Déi spontan Participatioun un Atelieren ass ofhängeg vun der Disponibilitéit zum Moment vum Besuch.
Wou kann ech méi iwwer d’Léierplazen erausfannen, déi vun den Entreprisen ugebueden ginn, a kann ech online am Virfeld vum Léierplazendag e Rendez-vous mat enger Entreprise huelen, fir mech virzestellen?
Et ass net méiglech, am Viraus ee Rendez-vous online auszemaachen. All Rendez-vous muss sur place geholl ginn. Mir recommandéieren Iech, iech am Virfeld iwwert d’Entreprisen an déi berufflech Beräicher, déi Iech interesséieren, ze renseignéieren. No der Ouschtervakanz kann d’Cellule d’orientation et d'intégration vun Ärem Lycée Iech d’Offer vun den Ausbildungsplazen an deene Beräicher matdeelen.
Wann ech no der Schoulfoire nach Froen hunn, u wie kann ech mech wenden?
Un d’Maison de l’orientation, an hire Guichet unique vu Méindes bis Freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer, per Email op info@m-o.lu oder per Telefon 8002 81 81.