Merci, dass Dir Är Waasserfläsch op d’YEP!-Schoulfoire matbréngt! An all Hal ginn et Drénkwaasserstatiounen, wou Dir se kënnt opfëllen.
Catégorie FAQ: Entreprisen
Wien organiséiert d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire gëtt organiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Maison de l’orientation, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Service vun der Formation professionnelle.
Wéi grouss ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire erstreckt sech iwwert eng Fläch vu 17.000 m2 a fëllt dräi Ausstellungshalen an der Luxexpo-The Box.
Wie mécht bei der Schoulfoire mat?
Eng grouss Unzuel vun Acteure sinn op der Schoulfoire present: déi ëffentlech Ariichtunge vum Enseignement secondaire an déi privat Ariichtungen, déi den offizielle Programm vum Ministère applizéieren; d’Mataarbechter vun der Maison de l’orientation a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi op Froen äntweren an déi Jonk an hir Eltere beroden; d’Entreprisen, déi sech am Kader vum Léierplazendag deene Jonken op der Sich no enger Ausbildung virstellen.
Fir wien ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire riicht sech wärend de Schoulhorairen u Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 (4.1 a 4.2) vum Enseignement fondamental souwéi un d’6e a classes inférieures a supérieures vum Enseignement secondaire. Ee Familljendag ass virgesinn.
Wat sinn d’Ëffnungszäite vun der Schoulfoire?
Fir d’Grondschoule souwéi fir den Enseignement secondaire ass d’Schoulfoire wärend de Schoulhorairen zougänglech, tëschent 8:30 a 15:30 Auer. Fir d’Eltere mat hire Kanner an all aner Interesséierter ass ee Familljendag virgesinn.
Wéini fënnt de Léierplazendag statt?
De Léierplazendag fënnt an der Reegel méindes statt.
Wie schwätzen ech als Entreprise un, wann ech eng oder méi Léierplaze fir de Léierplazendag wëll verëffentlechen?
Hei sinn Är Kontaktpersoune bei der ADEM:
Wann ech no der Schoulfoire nach Froen hunn, u wie kann ech mech wenden?
Un d’Maison de l’orientation, an hire Guichet unique méindes, dënschdes, mëttwochs a freides vun 13:00 bis 17:00 Auer ouni Rendez-vous an donneschdes vun 8:00 bis 17:00 mat Rendez-vous. Dir kënnt d’Maison de l’orientation per Email op info@m-o.lu erreechen oder per Telefon 8002 81 81.
