Merci, dass Dir Är Waasserfläsch op d’YEP!-Schoulfoire matbréngt! An all Hal ginn et Drénkwaasserstatiounen, wou Dir se kënnt opfëllen.
Catégorie FAQ: Jugendhaiser
Wouhi mat dem Offall?
Dir fannt an all Hal Recycling-Statiounen. Geheit w.e.g. Ären Offall an déi richteg Poubellen.
Wéi laang daueren d’Atelieren?
D’Ateliere fir d’Visiteure sonndes, de 27. Abrëll vun 11:00 bis 18:00 daueren tëschent 10 an 20 Minutten. D’Ateliere fir d’Schoulklassen (op Aschreiwung) den 28., 29. an 30. Abrëll daueren tëschent 30 a 50 Minutten.
Wien organiséiert d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire gëtt organiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Maison de l’orientation, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Service vun der Formation professionnelle.
Wéi grouss ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire erstreckt sech iwwert eng Fläch vu 17.000 m2 a fëllt dräi Ausstellungshalen an der Luxexpo-The Box.
Wie mécht bei der Schoulfoire mat?
Eng grouss Unzuel vun Acteure sinn op der Schoulfoire present: déi ëffentlech Ariichtunge vum Enseignement secondaire an déi privat Ariichtungen, déi den offizielle Programm vum Ministère applizéieren; d’Mataarbechter vun der Maison de l’orientation a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi op Froen äntweren an déi Jonk an hir Eltere beroden; d’Entreprisen, déi sech am Kader vum Léierplazendag deene Jonken op der Sich no enger Ausbildung virstellen.
Fir wien ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire riicht sech wärend de Schoulhorairen u Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 (4.1 a 4.2) vum Enseignement fondamental souwéi un d’6e a classes inférieures a supérieures vum Enseignement secondaire. D’Schoulfoire ass op fir de Public sonndes, de 27. Abrëll vun 11:00 bis 18:00 Auer.
Wat sinn d’Ëffnungszäite vun der Schoulfoire?
Fir d’Grondschoule souwéi fir den Enseignement secondaire ass d’Schoulfoire wärend de Schoulhorairen zougänglech, tëschent 8:30 a 15:30 Auer. Fir d’Eltere mat hire Kanner an all aner Interesséierter ass d’Schoulfoire sonndes, de 27. Abrëll vun 11:00 bis 18:00 Auer.
Wat ass déi duerchschnëttlech Dauer vum Besuch op der Schoulfoire?
Rechent mat mindestens 2 Stonne fir Ären Besuch.
Wéini fënnt de Léierplazendag statt?
De Léierplazendag ass méindes, den 28. Abrëll vun 9:00 bis 13:00 Auer.