Zréck

FAQ

Hei fannt dir eng Lëscht mat dacks gestallte Froen iwwert d’Schoulfoire.

A translation in English can be found here.

Rechent als Schoulklass mat mindestens 2 Stonne fir Ären Besuch. Et gi vill Aktivitéiten ugebueden. Dir kënnt also virgesinn, de ganzen Dag mat Ärer Klass ze verbréngen.

D’Ateliere fir d’Visiteuren um oppene Sonndeg an um Dënschdegmëtteg daueren tëschent 10 an 20 Minutten. D’Ateliere fir d’Schoulklassen (op Aschreiwung) déi aner Deeg daueren tëschent 30 a 50 Minutten.

Dir fannt an all Hal a virun der Hapt-Entrée Recycling-Statiounen. Geheit wgl. Ären Offall an déi richteg Poubellen.

Merci, dass Dir Är Waasserfläsch op d’Schoulfoire matbréngt! An all Hal gëtt et eng Drénkwaasserstatioun, wou Dir se kënnt opfëllen.

D’Schoulfoire gëtt organiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Maison de l’orientation, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Service vun der Formation professionnelle.

D’Schoulfoire fëllt dräi Ausstellungshalen an der Luxexpo-The Box an d’Entrée Nord vun der Luxexpo.

Eng grouss Unzuel vun Acteure sinn op der Schoulfoire present: déi ëffentlech Ariichtunge vum Enseignement secondaire an déi privat Ariichtungen, déi den offizielle Programm vum Ministère applizéieren; d’Mataarbechter vun der Maison de l’orientation a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi op Froen äntweren an déi Jonk an hir Eltere beroden; d’Entreprisen, déi sech am Kader vum Léierplazendag deene Jonken op der Sich no enger Ausbildung virstellen.

D’Schoulfoire riicht sech prioritär u Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vum Enseignement fondamental, un d’Schüler aus de leschte Joeren vum Primaire an den ëffentlechen internationale Schoulen, souwéi un d’classes inférieures a supérieures vum Enseignement secondaire. Si ass op fir de grand public sonndes, den 19. Abrëll an dënschdesmëttes, den 21. Abrëll.

Fir d’Grondschoule souwéi fir den Enseignement secondaire ass d’Schoulfoire wärend de Schoulhorairen zougänglech, tëschent 8:30 a 15:00 Auer. Fir d’Eltere mat hire Kanner an all aner Interesséierter ass sonndes, den 19. Abrëll e Familljendag vun 11:00 bis 18:00. Dënschdesmëttes, den 21. Abrëll, ass op fir de Public vun 13:00 bis 17:00.

Um Familljendag, sonndes den 19. Abrëll an dënschdesnomëttes den 21. Abrëll, stinn d’Vertrieder vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun de Lycéeën zur Verfügung, fir op all Är Froen ze äntweren.

Rechent mat mindestens 2 Stonne fir Ären Besuch.

De Fichier fannt Dir e puer Woche virum Start vun der Schoulfoire um Website.

Aus organisatoresche Grënn ass d’Virumeldung obligatoresch fir Grondschoulklassen a Lycéesklassen. D’Umeldunge lafen iwwer de jeeweilegen Online-Formulaire. Wann d’Umeldung iwwer de Site net méi méiglech ass, biede mir Iech, eng E-Mail un info@schoulfoire.lu ze schécken.

Nëmmen d’Gruppen, déi aus de Schoulen kommen, mussen am Viraus ageschriwwe sinn. All aner interesséiert Persoun ka bannent den Ëffnungszäite fir de Grand Public op d’Schoulfoire kommen, ouni sech am Viraus ugemellt ze hunn. D’Visitt vun der Schoulfoire ass komplett gratis.

Nee. Nëmme Klassen aus de Cyclen 3 a 4 aus dem Enseignement fondamental kënne sech fir d’Schoulfoire umellen, vu datt d’Theeme sech virrangeg ëm d’Orientatioun dréinen.

Famille kënnen ouni Aschreiwung um Familljendag den 19. Abrëll 2026 an den 21. Abrëll am Nomëtteg op d’Schoulfoire kommen.

Keen Ticket ass néideg, fir d’Schoulfoire ze besichen. Als Klass geet eng einfach Umeldung iwwer den Online-Formulaire duer. Eng Confirmatiouns-E-Mail gëtt Iech no Ärer Umeldung pour information geschéckt.

D’Klassen aus der Grondschoul kënne sech fir theematesch Atelieren umellen. Dës Atelieren dauere jeeweils 30 bis 50 Minutten. Et kann een nëmmen 1 Atelier auswielen. Et ass méiglech, fir och spontan bei engem Atelier deelzehuelen, falls Disponibilitéiten do wären.

D’Schülerinnen a Schüler si gebieden, e Picknick an eng gefëllte Waasserfläsch matzebréngen. Restopolis bitt och en Espace Restauration un. Hei kann ee mat myCard, Kreditkaart oder Cash bezuelen.

Wärend dem Event gi Fotoe gemaach a Videoe gedréit. Et ass méiglech, datt Dir fotograféiert oder gefilmt gitt. Dës Opname kënne fir Promotiounszwecker online an offline benotzt ginn. Fir mannerjäreg Schüler, déi mat hirer Klass kommen, freet den Enseignant d’Elteren, fir eng Autorisatioun ze ënnerschreiwen.

All Informatioune fannt Dir op www.schoulfoire.lu. Op der Plaz gëtt Iech e Plang vun der Schoulfoire ausgedeelt, deen Iech erlaabt, fir Iech ze orientéieren. Mat QR-Coden, déi op de Stänn sinn, fannt Dir donieft vill interessant Informatiounen.

Jo.

De Schoultransport muss vun de Schoulen organiséiert ginn. D’Schoulfoire ass mam ëffentlechen Transport zougänglech. Parkplazen sinn op der Plaz verfügbar (géint Bezuelung).

De Léierplazendag fënnt dënschdesmoies statt.

 

 

Hei sinn Är Kontaktpersoune bei der ADEM:

Jo, dat ass um Familljendag, sonndes den 19. Abrëll an dënschdesnomëttes um Nomëtteg “grand public” méiglech. Déi spontan Participatioun un Atelieren ass ofhängeg vun der Disponibilitéit zum Moment vum Besuch.

Et ass net méiglech, am Viraus ee Rendez-vous online auszemaachen. All Rendez-vous muss sur place geholl ginn. Mir recommandéieren Iech, iech am Virfeld iwwert d’Entreprisen an déi berufflech Beräicher, déi Iech interesséieren, ze renseignéieren. No der Ouschtervakanz kann d’Cellule d’orientation et d’intégration vun Ärem Lycée Iech d’Offer vun den Ausbildungsplazen an deene Beräicher matdeelen.

Un d’Maison de l’orientation vu méindes bis freides vun 8:00 bis 17:00 Auer. Dir kënnt d’Maison de l’orientation per Email op info@m-o.lu erreechen oder per Telefon 8002 81 81. Oder kommt einfach laanscht um 29, rue Aldringen, L1118 Luxembourg (bei der Bus/Tram Statioun Hamilius).