D’Ateliere fir d’Visiteure sonndes, den 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 an dënschdes, den 23. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 daueren tëschent 10 an 20 Minutten. D’Ateliere fir d’Schoulklassen (op Aschreiwung) den 22., 23. a 24. Abrëll daueren tëschent 30 a 50 Minutten.
Catégorie FAQ: Enseignanten
Wat ass déi duerchschnëttlech Dauer vum Besuch op der Schoulfoire?
Rechent als Schoulklass mat mindestens 2 Stonne fir Ären Besuch. Et gi vill Aktivitéiten ugebueden. Dir kënnt also virgesinn, de ganzen Dag mat Ärer Klass ze verbréngen.
Wien organiséiert d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire gëtt organiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Maison de l’orientation, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Service vun der Formation professionnelle.
Wéi grouss ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire erstreckt sech iwwert eng Fläch vu 17.000 m2 a fëllt dräi Ausstellungshalen an der Luxexpo-The Box.
Wie mécht bei der Schoulfoire mat?
Eng grouss Unzuel vun Acteure sinn op der Schoulfoire present: déi ëffentlech Ariichtunge vum Enseignement secondaire an déi privat Ariichtungen, déi den offizielle Programm vum Ministère applizéieren; d’Mataarbechter vun der Maison de l’orientation a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi op Froen äntweren an déi Jonk an hir Eltere beroden; d’Entreprisen, déi sech am Kader vum Léierplazendag deene Jonken op der Sich no enger Ausbildung virstellen. Dëst Joer fënnt och en Deel vun der LuxSkills-Beruffsmeeschterschaft wärend der Schoulfoire statt.
Fir wien ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire riicht sech wärend de Schoulhorairen u Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 (4.1 a 4.2) vum Enseignement fondamental souwéi un d’classes inférieures a supérieures vum Enseignement secondaire. D’Schoulfoire ass op fir de Public sonndes, den 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 Auer an dënsches, den 23. Abrëll vu 14:00 bis 19:00.
Wat sinn d’Ëffnungszäite vun der Schoulfoire?
Fir d’Grondschoule souwéi fir den Enseignement secondaire ass d’Schoulfoire wärend de Schoulhorairen zougänglech, tëschent 8:00 a 17:00 Auer. Fir d’Eltere mat hire Kanner an all aner Interesséierter ass d’Schoulfoire sonndes, den 21. Abrëll vu 14:00 bis 18:00 Auer op an dënschdes, den 23. Abrëll vu 14:00 bis 19:00 Auer.
Wou fannen ech de Formulaire fir d’Autorisation parentale fir d’Realisatioun an d’Verwendung vu Fotoen an audiovisuellen Enregistrementer vu Mannerjäregen?
Dir kënnt iech den Fichier hei eroflueden.
Muss ech mech umellen, fir d’Schoulfoire kënnen ze besichen?
Aus organisatoresche Grënn ass d’Virumeldung obligatoresch fir Grondschoulklassen a Lycéesklassen. D’Umeldunge lafen iwwer de jeeweilegen Online-Formulaire op www.schoulfoire.lu. Wann d’Umeldung iwwer de Site net méi méiglech ass, biede mir Iech, eng E-Mail un info@schoulfoire.lu ze schécken.
Ass d’Schoulfoire fir all Cycle aus dem Enseignement fondamental op?
Nee. Nëmme Klassen aus dem Cycle 4 (4.1 a 4.2) aus dem Enseignement fondamental kënne sech fir d’Schoulfoire umellen, vu datt d’Theeme sech virrangeg ëm d’Orientatioun dréinen.