Merci, dass Dir Är Waasserfläsch op d’YEP!-Schoulfoire matbréngt! An all Hal ginn et Drénkwaasserstatiounen, wou Dir se kënnt opfëllen.
Catégorie FAQ: Familljen
Wouhi mat dem Offall?
Dir fannt an all Hal Recycling-Statiounen. Geheit w.e.g. Ären Offall an déi richteg Poubellen.
Wéi laang daueren d’Atelieren?
D’Ateliere fir d’Visiteure um Familljendag daueren tëschent 10 an 20 Minutten. D’Ateliere fir d’Schoulklassen (op Aschreiwung) déi aner Deeg daueren tëschent 30 a 50 Minutten.
Wien organiséiert d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire gëtt organiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Maison de l’orientation, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Service vun der Formation professionnelle.
Wéi grouss ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire erstreckt sech iwwert eng Fläch vu 17.000 m2 a fëllt dräi Ausstellungshalen an der Luxexpo-The Box.
Wie mécht bei der Schoulfoire mat?
Eng grouss Unzuel vun Acteure sinn op der Schoulfoire present: déi ëffentlech Ariichtunge vum Enseignement secondaire an déi privat Ariichtungen, déi den offizielle Programm vum Ministère applizéieren; d’Mataarbechter vun der Maison de l’orientation a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi op Froen äntweren an déi Jonk an hir Eltere beroden; d’Entreprisen, déi sech am Kader vum Léierplazendag deene Jonken op der Sich no enger Ausbildung virstellen.
Fir wien ass d’Schoulfoire?
D’Schoulfoire riicht sech wärend de Schoulhorairen u Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 (4.1 a 4.2) vum Enseignement fondamental souwéi un d’6e a classes inférieures a supérieures vum Enseignement secondaire. Ee Familljendag ass virgesinn.
Wat sinn d’Ëffnungszäite vun der Schoulfoire?
Fir d’Grondschoule souwéi fir den Enseignement secondaire ass d’Schoulfoire wärend de Schoulhorairen zougänglech, tëschent 8:30 a 15:30 Auer. Fir d’Eltere mat hire Kanner an all aner Interesséierter ass ee Familljendag virgesinn.
Wéini kann ech als Elterendeel Froen zur schoulescher Offer an der Orientéierung stelle kommen?
Um Familljendag stinn d’Vertrieder vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun de Lycéeën zur Verfügung, fir op all Är Froen ze äntweren.
Wat ass déi duerchschnëttlech Dauer vum Besuch op der Schoulfoire?
Rechent mat mindestens 2 Stonne fir Ären Besuch.