Nëmmen d’Gruppen, déi aus de Schoulen kommen, mussen am Viraus ageschriwwe sinn. All aner interesséiert Persoun ka bannent den Ëffnungszäite fir de Grand Public op d’Schoulfoire kommen, ouni sech am Viraus ugemellt ze hunn. D’Visitt vun der Schoulfoire ass komplett gratis.
Catégorie FAQ: Familljen
Kann ech spontan d’Schoulfoire besichen?
Famille kënnen ouni Aschreiwung wärend den Ëffnungszäite fir de Grand public op d’Schoulfoire kommen.
Ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt?
D’Schülerinnen a Schüler si gebieden, e Picknick an eng gefëllte Waasserfläsch matzebréngen. Restopolis bitt och en Espace Restauration un. Hei kann ee mat myCard, Kreditkaart oder Cash bezuelen.
Wéi ass den Event medial couvréiert?
Wärend dem Event gi Fotoe gemaach a Videoe gedréit. Et ass méiglech, datt Dir fotograféiert oder gefilmt gitt. Dës Opname kënne fir Promotiounszwecker online an offline benotzt ginn. Fir mannerjäreg Schüler, déi mat hirer Klass kommen, freet den Enseignant d’Elteren, fir eng Autorisatioun ze ënnerschreiwen.
Wou fannen ech all d’Informatiounen, déi ech brauch?
All Informatioune fannt Dir op www.schoulfoire.lu. Op der Plaz gëtt Iech e Plang vun der Schoulfoire ausgedeelt, deen Iech erlaabt, fir Iech ze orientéieren. Mat QR-Coden, déi op de Stänn sinn, fannt Dir donieft vill interessant Informatiounen.
Ass den Zougang fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit garantéiert?
Jo.
Wéi kommen ech op d’Schoulfoire?
De Schoultransport muss vun de Schoulen organiséiert ginn. D’Schoulfoire ass mam ëffentlechen Transport zougänglech. Parkplazen sinn op der Plaz verfügbar (géint Bezuelung).
Wéini fënnt de Léierplazendag statt?
De Léierplazendag am Kader vun der Schoulfoire 2027 gëtt ufanks 2027 annoncéiert.
Kann ech als Visiteur oder Famill un engem Workshop, deen ausserhalb vun de Schoulstonne stattfënnt, matmaachen?
Jo, dat ass wärend den Ëffnungszäiten fir de Grand public méiglech. Déi spontan Participatioun un Atelieren ass ofhängeg vun der Disponibilitéit zum Moment vum Besuch.
Wou kann ech méi iwwer d’Léierplazen erausfannen, déi vun den Entreprisen ugebueden ginn, a kann ech online am Virfeld vum Léierplazendag e Rendez-vous mat enger Entreprise huelen, fir mech virzestellen?
Et ass net méiglech, am Viraus ee Rendez-vous online auszemaachen. All Rendez-vous muss sur place geholl ginn. Mir recommandéieren Iech, Iech am Virfeld iwwert d’Entreprisen an déi berufflech Beräicher, déi Iech interesséieren, ze renseignéieren. No der Ouschtervakanz kann d’Cellule d’orientation et d’intégration vun Ärem Lycée Iech d’Offer vun den Ausbildungsplazen an deene Beräicher matdeelen.
