„Froen zum Lycée“: Start vun den edutalk-Podcasten

17-04-2024

Am Kader vun der YEP!-Schoulfoire 2024 start de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend säi Podcast-Kanal edutalk a proposéiert eng éischt Serie ronderëm den ëffentlechen Enseignement secondaire.

Zu Lëtzebuerg kréien iwwer 50.000 Schülerinnen a Schüler eng ganz divers ëffentlech Offer vu Lycéeën an internationale Schoulen ugebueden. „Froen zum Lycée“ hëlleft Iech, déi Choixen ze treffen, déi de Bedierfnesser an Interessie vun Ärem Kand am beschten entspriechen.

D’Podcaste sinn disponibel op www.men.lu an op deene bekannteste Podcast-Plattformen.