D’Schoulfoire 2024 um radio 100,7
A wéi ee Lycée ginn ech? Muss ech am Fondamental scho genau wësse wat ech am Liewe wëll maachen? Wat sinn déi kruzial Momenter vun Orientéierung? Wat huet sech am Laf vun der Zäit nei am Bildungswiesen zu Lëtzebuerg entwéckelt? Firwat ass Orientéierung esou wichteg? Wat ass nei, wéi kann ech an der grousser schoulescher Offer dat richtegt fannen? Weem kann ech meng Froe stellen? Op dës an anere Froen ginn et op der 3. YEP!-Schoulfoire vum 21. bis de 24. Abrëll an der Luxexpo Äntwerten. E Virgeschmaach kann een awer och scho kréien, wann een dësen Donneschdeg, 18. Abrëll vun 14:00 bis 15:30 op Radio 100,7 d’Emissioun iwwer d’Schoulfoire 2024 lauschtert.
Invitéiert sinn:
- Martine Molitor, Premier Conseiller de gouvernement am Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend;
- Romain Nehs, Chef vum Service vum Enseignement secondaire;
- Tom Müller, Direkter vum SFP, dem Service de la Formation Professionnelle;
- Luc Belling, Responsable de division am SCRIPT.
Hei fannt Dir d’Emissioun.