Schoulfoire
D’Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.
Op enger Fläch vu méi wéi 17.000 m2 verdeelt op dräi Ausstellungshalen fannt Dir dës Offer:
A Kollaboratioun mat der ADEM, RTL an de Beruffschambere gëtt de Léierplazendag am Kader vun der Schoulfoire organiséiert. De Léierplazendag erméiglecht all Jonkem, deen op der Sich no senger éischter Léierplaz ass, an all Erwuessenem, deen eng Ausbildung maache wëll – och iwwert d’Grenzen eraus –, fir a Kontakt mat Lëtzebuerger Entreprisen ze trieden. Wärend dem Léierplazendag kënne Jonker an Erwuessener erausfannen, ob déi Entreprisen, déi present sinn, hirem perséinleche Choix entspriechen, fir sech esou kënnen op eng Léierplaz ze mellen. D’Conseillers à l’apprentissage vun der ADEM, de Beruffschamberen an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend wäerten den Interesséierte bei hire jeeweilegen Demarchen hëllefen.
D’Diversifikatioun vun de Lycéeë geet Hand an Hand mat der Diversitéit vun den Talenter vun de Jonken. Dowéinst ass d’Schoulfoire eng eemoleg Geleeënheet, fir dem Public net nëmmen d’Vilfalt vun der Lycéeslandschaft ze weisen, mee och fir mat eenzele Lycéeën a Kontakt ze trieden a méi iwwert si gewuer ze ginn.
All d’Lëtzebuerger Lycéeë sinn an der Luxexpo vertrueden, si sinn de Regiounen no gruppéiert. Op eng aktiv an interaktiv Aart a Weis presentéiere si sech de Visiteuren a freeë sech, fir hir Spezifizitéiten, hir schoulesch a sproochlech Offeren an och hir Projeten an de Vierdergrond ze stellen. Esou kënnen déi Jonk sech ëmfangräich informéieren an dee Lycée wielen, deen hinnen am meeschten entsprécht. Hei fannen déi Jonk an hir Elteren en direkte Kontakt.
D’Mataarbechter vun der Maison de l’orientation a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend äntweren iwwer e Guichet unique op all Fro, déi de Public zur schoulescher a professioneller Orientéierung kann hunn. D’Visiteure kënnen hei d’Diversitéit vun der schoulescher Offer entdecken: en Iwwerbléck iwwer déi 9 Formatiounswelten vum Lëtzebuerger Schoulsystem an déi innovant Offer vun de Lycéeë fir d’Schüler aus dem éischte Joer vum Secondaire.
An der Luxexpo wäerten an de véier Deeg vun der Foire honnerten pedagogesch Entdeckungsateliere fir d’Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 an aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen organiséiert ginn. Dës Atelieren erméiglechen hinnen, fir hir verstoppten Talenter ze entdecken a verschidde Schoultheemen nach besser kennen ze léieren.
All zwee Joer kënne Beruffsufänger bis zum Alter vu 25 Joer bei der LuxSkills-Beruffsmeeschterschaft hiert ganzt Kënne weisen. 22 Stonnen hunn d’Participante, fir e festgluechten Projet ëmzesetzen. Bei der Schoulfoire moossen sech vum 19. bis de 22. Abrëll 2026 Beruffsufänger aus 27 Beräicher: Mobile Robotics, Robot Systems Integration, Floristik, Grafeschen Design, Landschaftsgestaltung, Fierschterei, Land- an Notzmaschinnemechatronik, Bäckerei-Pâtisserie, Kachen, Hotelsreceptioun, Restaurant-Service, Maçonnerie, Miwwelschräinerei, Zammerei, CNC-Fräsen, Blechschléierei, Usträicher, Heizungs- a Sanitärinstallatioun, Daachdeckerei, Metallkonstruktioun/Schlässerei, Fligermaintenance, Autosmechatronik, Vëlosmechatronik, Schéinheetsfleeg, Cybersecurity, Entrepreneurship/Business Development, Coiffure, Industrielektronik, Plätterchersleeërei a Web Technologies. D’Ofschlosszeremonie vun der LuxSkills 2026 geet den 22. Abrëll am Nomëtteg op der Schoulfoire iwwer d’Bün. D’Gewënner däerfen 2027 op der EuroSkills dobäi sinn, der europäescher Beruffsmeeschterschaft.
Déi Lëtzebuerger schoulesch Offer ass immens vilfälteg. Si passt sech un d’Besoine vun der Gesellschaft vum 21. Joerhonnert un a berücksichtegt gläichzäiteg d’Interessien an d’Stäerkte vun de Schüler.
Si proposéiert Formatiounen a sämtlechen Aktivitéitsberäicher, sief et berufflech Formatiounen oder Formatioune vum Enseignement secondaire classique a général.
Si ass an 9 Formatiounswelten organiséiert:
- Bauen, plangen a gestalten;
- Natur an Ëmwelt;
- Tourismus, Gastronomie an Hotellerie;
- Industrie a Mechanik;
- Wëssenschaft, Technologie an Informatik;
- Gesondheet an Ästheetik;
- Ekonomie, Finanzen a Verkaf;
- Konscht, Kultur a Sproochen;
- Schoul, Educatioun a Gesellschaft.
Déi Jonk sinn opgefuerdert, dës Welte wärend deene véier Deeg vun der Schoulfoire ze besichen, ze entdecken an ze erliewen. Esou kënne si sech informéieren an eng méi konkreet Virstellung vun hirer zukünfteger Orientéierung kréien.
