Schoulfoire

Eng Bün fir d’Lëtzebuerger Lycéeën

D’Diversifikatioun vun de Lycéeë geet Hand an Hand mat der Diversitéit vun den Talenter vun de Jonken. Dowéinst ass d’YEP-Schoulfoire eng eemoleg Geleeënheet, fir dem Public net nëmmen d’Vilfalt vun der Lycéeslandschaft ze weisen, mee och fir mat eenzele Lycéeën a Kontakt ze trieden a méi iwwert si gewuer ze ginn.

All d’Lëtzebuerger Lycéeë sinn an der Luxexpo vertrueden, si sinn de Regiounen no gruppéiert. Op eng aktiv an interaktiv Aart a Weis presentéiere si sech de Visiteuren a freeë sech, fir hir Spezifizitéiten, hir schoulesch a sproochlech Offeren an och hir Projeten an de Vierdergrond ze stellen. Esou kënnen déi Jonk sech ëmfangräich informéieren an dee Lycée wielen, deen hinnen am meeschten entsprécht.

Hei fannen déi Jonk an hir Elteren en direkte Kontakt; sonndes vu 14:00 bis 18:00 Auer an dënschdes vu 14:00 bis 19.00.