Schoulfoire

LuxSkills

All zwee Joer kënne Beruffsufänger bis zum Alter vu 25 Joer bei der LuxSkills-Beruffsmeeschterschaft hiert ganzt Kënne weisen. 22 Stonnen hunn d’Participante, fir e festgluechten Projet ëmzesetzen. Bei der Schoulfoire moossen sech vum 19. bis de 22. Abrëll 2026 Beruffsufänger aus 25 Beräicher: Intégration robotique / Robotique industrielle, Art floral, Arts graphiques et pré-presse, Jardinier-paysagiste, Foresterie, Cuisine, Réceptionniste d’hôtellerie, Service en restaurant / Service en salle, Maçonnerie, Ébénisterie, Charpente, Tournage CNC / Mécanique industrielle et de maintenance, Ferblanterie / Couverture métallique, Plomberie & Chauffage, Couverture, Serrurerie / Construction métallique, Maintenance aéronautique, Technologie automobile, Construction digitale, Soins esthétiques, Cyber sécurité, Challenge Entrepreneurial, Coiffure, Contrôle Industriel, Carrelage a Web Technologies. D’Ofschlosszeremonie vun der LuxSkills 2026 geet den 22. Abrëll am Nomëtteg op der Schoulfoire iwwer d’Bün. D’Gewënner däerfen 2027 op der EuroSkills dobäi sinn, der europäescher Beruffsmeeschterschaft.