Schoulfoire
Atelieren & Showen
An der Luxexpo wäerten an de véier Deeg vun der Foire honnerten pedagogesch Entdeckungsateliere fir d’Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 an aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen organiséiert ginn. Dës Atelieren erméiglechen hinnen, fir hir verstoppten Talenter ze entdecken a verschidde Schoultheemen nach besser kennen ze léieren. Dir fannt d’Atelieren an d’Showen virun allem an der Hal 7. Vill Atelieren ginn awer och an den 9 Beruffswelten ugebueden.
