Schoulfoire

D’YEP!-Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP!-Schoulfoire ëm 6 Pilieren:

  • d’Lëtzebuerger Lycéeën
  • de Ministère, d’Maison de l’orientation an d’Schouloffer
  • de Léierplazendag
  • déi néng Formatiounswelten
  • d’Atelieren & d’Shows
Léierplazendag Lycéeën Educatiounssystem LuxSkills Kreativ Atelieren Formatiounswelten