Neie Look
Fir seng 5. Editioun kritt d'Schoulfoire eng nei visuell Identitéit.
D’Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.
D’Schoulfoire 2026 fënnt vum 19. bis den 22. Abrëll 2026 statt.